ECOSY

logo-ecosy_web-smallD’ECOSY ass d’Organisatioun vun den Europäeschen Jonksozialisten. Si ass 1992 gegrënnt gin a besteet aus 40 sozialisteschen a sozialdemokrateschen Jugendorganisatiounen aus de Memberstaaten vun der Europäescher Union an och aus de Länner déi Kandidatenstatus hun. Hiere Sëtz ass zu Bréissel.

Präsident ass d’Petroula Nteledimou (Neolaia PASOK – Griechenland) and d’Janna Besamusca (Jonge Socialisten in de PvdA – Holland) ass Generalsekretärin.

Den läschte Kongress war vum 16. – 19. Abrëll 2009 zu Bréissel. Op dësem Kongress sin ech zum Vizepräsident vun der ECOSY gewielt gin, fir d’éischt wou e jonke Lëtzebuerger an enger europäescher politescher Jugendorganisatioun op esou e Posten gewielt gett.

Weider Vizepräsidenten sin den Pedro Delgado Alves (JSP, Portugal), de Brando Benefei (Sinistra Giovanile, Italien), de Johan Buser (SSU, Schweden), den Nils Hindersmann (Jusos, Däitschland), d’Amalija Koren (CSDY, Kroatien), d’Katarina Nevedalova (MSD, Slovakei) an d’Kaisa Penny (SONK, Finland). Den Adrianos Kyriakidis (Neolaia EDEK, Zypern) ass elo Präsident vun der Kontrolkommissioun.

D’ECOSY huet och dest Joer eng Kampagne gestart fir “Universellen Erasmus”. Hei ass en Artikel do driwwer. Et geet drems dass all Jonken d’Recht soll hun an engem aaneren Land an der Europäescher Union kënnen während enger gewessen Zäit ze wunnen/studéieren/schaffen.

Fir d’Europawahlen am Juni huet d’ECOSY e Manifesto matt 9 Deliverables, also eng Zort Fuerderungskatalog ausgeschafft, ënnert dem Motto “Change for Europe”. Hei en Artikel driwwer.

Recent Comments

  • Christophe: Bonjour Här Pauly, Merci fir äre Kommentär obwuel dier iech natierlech kënnt firstellen dass ec [...]
  • Guy Pauly: Hallo Här Schiltz... dier huet den Bezuch zur Realiteit dach esou verluer dass dir selwer net mi [...]
  • Grüner Zeitgeist? – II « Mol Sonn, mol Reen: [...] deen ech aus dem sozialdemokratesche Lager kréien. Folgende Kommentar ass eng Reaktioun op de [...]
  • Dan Codello: Félicitatiounen fir déi stark an dynamesch Equipe!!! Wënschen Aerch eng flott an engagéiert C [...]
  • Joël: Luxemburg-Stadt ist eine Großstadt? Das klingt ein wenig nach Größenwahn. Ich finde den Ansatz, d [...]