Iwwert mech
Ech hun zwou grouss Passiounen. Déi eng ass d’Musik an déi aaner d’Politik.
Jo, et ass wouer, och vun der Politik kann ee passionnéiert sin
.
Politik betrëfft all Aspekt vum eisem alldeeglechen Liewen an och all eenzelnen vun eis, siew et iwwert eis sozial Rechter déi mussen onbedéngt garantéiert, Crèchenplaazen déi mussen organiséiert gin, Kliniken déi mussen funktionnéieren, Wunnéngen déi musse gebaut gin oder och nëmmen d’Bussen déi moies mussen fueren wa mer se wëllen huelen fir op d’Aarbecht.
All déi Beräicher, an nach vill aanerer, si vun der Politik betraff. An an all deene Beräicher ass et un der Politik fir eppes Positives ze schaafen, dozou bäizedroen dass se funktionnéieren an dass jidfereen kann dovu profitéieren.
Dofier kann an därf et och net sin dass Politik dominéiert gëtt vu Streidereien iwwert Topeschkeeten wou jidfereen well Recht behaalen a keen eppes Positives dozou bäidréit fir d’Herausfuerderungen déi sech stellen unzegoen. Et därf net sin dass d’Bierger zum Spillball gi vun de Politiker, dofier hun si vill zevill Respekt verdéngt.
An dofier musse mir all Daag zesummen dodrun schaffen, fir eis ze verbesseren, fir eis Gesellschaft, eist Emfeld ze verbesseren a méi staark ze maachen fir och deenen méi Schwaachen kënnen ze hëllefen.
Insbesonnesch och déi Jonk mussen d’Gefill hun, oder et erem kréien, dass si an eiser Gesellschaft erwënscht sin, dass hier Stëmm eppes zielt an dass hier Meenung eppes wärt ass an och gehéiert gëtt.
Si musse sécher kënne sin, dass och hieren Diplom eppes wärt ass an se duerno um Aarbechtsmaart gefroot sin. Si musse wëssen, dass si eng Plaaz an eng Zukunft an eiser Gesellschaft hun fir kënnen en eegestännegt Liewen ze féieren daat se kënne genéissen.
An et ass och d’Aufgab vun der Politik de Jonken daat ze erméiglechen.
An dofier engagéieren ech mech.
Mee et gëtt am Liewen awer och nach aaner Saachen wéi d’Politik. Soss wier et awer och e bëssen langweileg.
An do kënnt d’Musik an d’Spill. Ech lauschteren leidenschaftlech gär Musik, sin oft opp Concerten ennerwee (wann d’Zäit mer et erlaabt). An ech kommen natirlech dowéinst och net dolaanscht fir selwer Musik ze maachen
. Dofier spillen ech och Guitar a Bass (och wann ech a leschter Zäit manner oft dozou komm sin). Iwwert „Blackbox“, déi Grupp an deeër ech spillen, fannt der ënnert dem Link „Blackbox“ uewen op der Säit méi Detailler.
An dowéinst interesséieren ech mech natirlech och dofier waat an der lëtzebuerger Musiks- a Kulturszen sou leeft. An do si mer dann erem bei der Politik déi och do muss en Emfeld schaafen fir dass Kënschtler kënnen kreativ sin an eng Chance hun vun hierer Konscht ze liewen.
Mee lo genuch iwwert d’Politik; ech wënschen Iech vill Spaass op ménger Säit.
Christophe







Recent Comments