In: Europa|JSL|Wahlen 2009
16 feb 2009
De Moien hun d’Jonksozialisten (JSL), zesummen matt der ECOSY, den europäeschen Jonksozialisten, eng Petition firgestallt déi europawäit vun de Jugendorganisatiounen vun den sozialisteschen a sozialdemokrateschen Parteien an Europa gedroen gett. An dësem Appel setzen sech d’JSL an ECOSY fir en universellen Erasmus Programm an.
Am Moment profitéieren pro Joer just 300 000 Jonker tëschend 16 an 29 Joer vun den europäeschen Austauschprogrammer. Daat ass just e ganz klenge Prozentsaatz vun den 90 Milliounen Jonker déi an der EU liewen. Dofier hu mier des Petitioun lancéiert, fir dass all Jonken aus der EU d’Recht an d’Méiglechkeet huet fir während enger bestëmmten Zäit an engem aaneren EU-Land ze wunnen, ze schaffen, ze studéieren oder sech soss weiderzebilden.
De Programm soll universel sin, fir dass all Jonken kann dovun profitéieren.
An e soll universel sin, fir dass all Beräich vum Léieren, der formation professionnelle a vun der Weiderbildung couvréiert ass.
Op der Websäit vun Universal Erasmus kann een dës Petitioun ënnerschreiwen.