ECOSY (European Community Organisation of Socialist Youth), d’Vereenegung vun den Europäeschen Jonksozialisten, an deeër och d’JSL Member ass, huet fir d’Europawahlen am Juni dest Joer e Fuerderungskatalog ausgeschafft.
De Manifesto steet ënnert dem Motto “Change for Europe“. Et ass nämlech héich Zäit, dass an Europa d’Prioritéieren ajustéiert gin an den Accent rem méi op daat soziaalt geluecht gett. An enger Zäit wou daat wirtschaftlecht emmer méi an de Vierdergronn komm ass duerch de Bannemaarkt an der EU an d’ “concurrence libre et non faussée”, ass an Europa daat soziaalt emmer méi ze kuerz komm. Daat gesäit een lo nach méi staark wou d’Finanzmärkt zesummegebrach sin an déi sougenannten Realwirtschaft mattgezun hun. Gerad elo, an Zäiten vun Rezessioun an Aarbechtslosegkeet ass et wichteg, niewt enger Relance vun eiser Economie, och dofier ze suergen dass d’sozial Rechter vun de Bierger gestärkt gin. Daat passéiert och duerch d’Schaafen vun Aarbechtsplaazen, awer net elleng.
An dofier de Manifest vun der Ecosy, matt séngen 9 Deliverables, daat heescht Engagementer déi d’EU muss huelen an emsetzen fir déi sozial Dimensioun vun der EU ze stärken an d’Vertrauen vun de Bierger erem hierzestellen.
2 Responses to Change for Europe 2009
jennot
april 22nd, 2009 at 11:02
change? dobai ennerstetzen d sozien den barroso elo schon… shame on monsanto goebbels an fake sozis am ep !!!
Christophe
april 22nd, 2009 at 12:21
yes change.
. et muss an europa vill méi geschéien am sozialen beräich, sozial rechter, etc wéi bis elo matt deeër aktueller EU-Kommissioun déi sech wierklech net dofier agesaat huet.
d’sozialisten ennerstëtzen de barroso net, de gordon brown an new labour géng ech net onbedéngt als sozialist bezeechnen
an de mars di bartolomeo (LSAP-minister) huet dofier gesuergt dass MON810 zu lëtzebuerg verbueden gin ass.